Newborn, Maternity & Family Fotografin zu Lëtzebuerg
Fir déi Momenter, déi vill ze séier verginn.
Fotoen & Filmer, déi iech och nach a ville Joren zréck an dëse Moment bréngen.
Natierlech. Echt. Authentesch.
Maternity · Newborn · Fresh48h · Family
Wäertvoll Momenter, onbezuelbar Erënnerungen
Kreativkëscht Photography ass deng Familljefotografin zu Lëtzebuerg. Ech halen d'Zäit fest, déi am schnellste vergeet: däi Bauch an de leschte Wochen, déi éischt Deeg mat dengem Puppelchen, äert Familljegléck, sou wéi et elo grad ass.
Ouni steif Posen, ouni Zäitdrock. Mat Häerz, Rou a vill Léift zum Detail.
D'Liewen waart net.
Foto & Film
Är Geschicht, Kapitel fir Kapitel

Maternity
Du an däi Bauch, an de schéinste Wochen vun der Schwangerschaft.
ab 500 €
Méi entdecken
Newborn
Déi éischt Deeg mat dengem Puppelchen. Kleng Hänn, kleng Féiss, grouss Léift.
ab 550 €
Méi entdecken
Fresh48h
Déi alleréischt Stonnen, an der Maternité oder doheem.
ab 590 €
Méi entdecken
Family
Äert Familljegléck, sou wéi et elo grad ass.
ab 500 €
Méi entdecken
Cake Smash
Den éischte Gebuertsdag, mat vill Kuch a vill Laachen.
ab 590 €
Méi entdeckenDu hues en eegene Business? Business & Brand Shootings entdecken
Äre perséinleche Familljefilm
E Film, deen weist, wéi dir matenee wart
Fotoe weisen, wéi dir ausgesinn hutt. E Film hält fest, wat eng Foto net kann: Stëmmen, Beweegungen, dat Laachen, wéi kleng sech äre Bebe am Aarm ufillt.
Bei all menge Shootings entstinn och kleng Filmsequenzen. An ärer Preview Galerie waart dann äre perséinleche Familljefilm als Iwwerraschung op iech.
Filmer sinn meng Häerzenssaach. An et ass dat, wat meng Familljen am meeschte beréiert.
Keng Suergen
Du muss näischt kënnen
Du muss näischt kënnen, näischt leeschten a näischt perfekt maachen. Just do sinn an du selwer sinn.
Wat, wann eist Kand net matmécht?
Da mécht et net mat. Kanner dierfe Kanner sinn. Ech brauch keng brav Kanner, déi an d'Kamera laachen. Déi schéinste Fotoen entstinn, wann ee spillt, kuschelt a laacht.
Mäi Mann huet keng Loscht op Fotoen.
Dat héieren ech dacks. An dacks sinn et genee déi Pappen, déi duerno beim Film Tréinen an den Aen hunn. Keng steif Posen, just Zäit zesummen. A wann hien trotzdeem net wëll: Du kanns och ganz gären eleng kommen.
Ech sinn net fotogen.
Musst du och net sinn. Ech ginn iech kleng Impulser, keng komplizéiert Posen. Well déi schéinste Fotoen net entstinn, wann's du perfekt poséiers, mee wann's du dech wuel fills.
Sou leeft et of
Är Erënnerungen a 4 einfache Schrëtt
Schreiw mir eng Noriicht
Egal ob WhatsApp, Instagram oder E-Mail. Mir schwätzen iwwer är Wënsch a Virstellungen.
Reservéier däin Datum
Wann alles passt, reservéiers du däin Datum mat engem Accompte vun 100 €.
Genéisst äre Moment
Keng steif Posen, keen Drock. Ech halen déi kleng Momenter fir iech fest.
Är Erënnerunge ginn Realitéit
Dir kritt eng Preview Galerie a sicht iech är Liiblingsfotoën ganz a Rou eraus.
Feedback
Wat meng Familljen soen
Wow, du hues et fäerdeg bruecht, dass ech Tréinen an d'Aen kritt hun beim Kucke vun deenen eenzelne Momenter, déis du vun eiser klenger Family festgehaalen hues 🥹
— T.
Merci fir déi mega Atmosphär! Et war e Genoss a mir freeën eis schon op déi next Fotoen!
— J.
Di Fotoen sin sou krass schein an de Video huet eis (allen zwee) sou krass beréiert. 🥹 Suguer mäi Mann haat Tréinen an den Aan (du jamais vu 😂)
— P.
Meet the photographer
Hallo du, ech sinn d'Mandy
Familljefotografin aus Lëtzebuerg, houfreg Mama vun zwee wonnerbare Kanner an d'Gesiicht hannert Kreativkëscht Photography.
Bei mir fillt e Shooting sech un wéi e Besuch bei enger Frëndin. Bei mir zu Elvange erwaart iech e gemittlecht Homestudio mat natierlechem Liicht. Hei dierf gekuschelt, gespillt a gelaacht ginn, an eng Paus ass natierlech och ëmmer dran.
Ech freeë mech immens, iech kennenzeléieren an äert Familljegléck an natierlech, echt an authentesch Biller ze verwandelen.
- Du bass hei richteg, wann's du natierlech Momenter festhale wëlls
- eng perséinlech Berodung a Begleedung schätz
- e Shooting an enger gemittlecher Atmosphär erliewe wëlls
- Erënnerunge wëlls, déi sech no iech ufillen
FAQ
Gutt ze wëssen
Wéi buchen ech?
Schreiw mir einfach eng Noriicht, iwwer Instagram, WhatsApp oder E-Mail. Mir schwätzen iwwer är Wënsch, a wann alles passt, ass ären Datum mat engem Accompte vun 100 € fir iech reservéiert. Den Accompte gëtt vum Gesamtpräis ofgezunn.
Wéini kréie mir eis Fotoen?
Är Preview Galerie kritt dir ongeféier 4 bis 6 Wochen nom Shooting. Do sicht dir iech a Rou är Liiblingsfotoën eraus. Soubal ech är Auswiel hunn, dauert et nach 2 bis 3 Deeg, bis dir är fäerdeg Erënnerungen als Download kritt.
Wat solle mir undoen?
Nom Buchen kritt dir e Shooting Guide mat ville Tipps an Inspiratiounen. Am Allgemengen recommandéieren ech hell, neutral Faarwen an einfach Kleeder ouni grouss Logoen oder opfälleg Musteren. Dir kënnt awer och ganz gären op meng Shooting-Garderob zréckgräifen.
Wou fannen d'Shootings statt?
Am Homestudio zu Elvange (Schengen), dobaussen oder bei iech doheem. Fresh48h-Shootings sinn an der Maternité oder bei iech doheem.
Kënns du och bei eis heem?
Jo, gären. Ech bréngen alles mat, dir musst näischt virbereeden. Fir eng Homestory kommen 50 € plus 0,50 € pro km Unrees dobäi. Ech fueren bis ongeféier 1 Stonn 15 Minutten wäit.
Kontakt
Loosst eis zesummen är Erënnerunge festhalen
Egal ob iwwer Instagram, WhatsApp oder E-Mail: Schreiw mir einfach, wat iech virschwieft, a wéini äre Bebe erwaart gëtt oder wéini dir gär e Shooting hätt. Ech schécken dir gären all d'Infos an déi komplett Preislëscht. 💌
Dës Zäit kënnt net méi zréck. Awer d'Erënnerungen drun, déi bléiwen.
Mandy