Newborn Shooting

Newborndéi éischt Deeg

Dës kleng Hänn, dës kleng Féiss, dee Geroch. Esou kleng ass däi Puppelchen nëmmen eng ganz kuerz Zäit.

ab 550 €60–120 MinuttenStudio oder doheem
Neigebueren Bebe schléift op enger Strécklacken, Newborn Shooting zu Lëtzebuerg

Mat Häerz, Rou a vill Léift zum Detail

Äre Bebe bestëmmt den Tempo

Bei engem Newborn Shooting geet et net drëm, dass alles perfekt ass. Äre Bebe dierf einfach Bebe sinn. Mir huelen eis Zäit fir Pausen, fir ze stëllen, ze wéckelen an ze kuschelen.

Well fir schéin Newbornfotoen brauch ech kee schlofende Bebe.

Näischt muss, alles däerf.

Grouss Schwëster gëtt dem Neigebuerenen e Kuss, Papa a Mama halen hir Kanner, Newborn Shooting zu Lëtzebuerg

Wat iech erwaart

Fotoen vun iech all

Natierlech fotograféieren ech äre Bebe eleng, mat all deene klenge Detailer: d'Féiss, d'Hänn, déi kleng Lëpsen.

Mee ech maachen och ëmmer Familljefotoen. Papa, Mama an d'Geschwësterkanner dierfen an all Konstellatioun mat op d'Bild. Ech si ganz frou, wann d'Geschwësterkanner matkommen.

Op Wonsch maache mir och Stëllfotoen oder Fotoe mam Biberon, mat vill Respekt an Diskretioun.

Kleng Bebesféiss op enger Strécklacken, Newborn Detailfoto zu Lëtzebuerg

Wou

Homestudio oder doheem

Am Homestudio zu Elvange ass alles prett: et ass gemittlech, waarm a voller natierlechem Liicht. Dir musst näischt matbréngen ausser Wéckelsaachen, Mëllech an eventuell eng Suckel.

Oder ech kommen bei iech heem, da musst dir mat ärem klenge Bebe néierens hin. Fir eng Homestory kommen 50 € plus 0,50 € pro km Unrees dobäi.

Wéini buchen

Am beschten nach an der Schwangerschaft

Déi ideal Zäit fir de Shooting sinn déi éischt 10 bis 14 Deeg no der Gebuert. Mee fir mech ass all Zäit perfekt, well all Moment et wäert ass, festgehalen ze ginn. Wann dir de Shooting eréischt mat 3 oder 4 Wochen maache wëllt, ass dat natierlech och ok. 🤍

Dofir buche meng Familljen hire Newborn Shooting am beschten am 2. oder spéitstens am Ufank vum 3. Trimester. Esou ass är Platz sécher, an dir musst iech no der Gebuert ëm näischt méi këmmeren.

Spontan Ufroe sinn trotzdeem wëllkomm, heiansdo gëtt et och kuerzfristeg nach fräi Rendez-Vous'en.

10%Kombi

Maternity + Newborn

Wann dir äre Maternity an äre Newborn Shooting zesumme bucht, kritt dir 10 % op béid Basic Sessions. Fir 500 € + 550 € bezuelt dir dann 945 €. Dat selwecht gëllt fir Maternity + Fresh48h.

A Bonus: Dir musst iech no der Gebuert ëm näischt méi këmmeren. Är Platz ass scho reservéiert.

Kombi ufroen

Portfolio

E puer vu menge Liiblingsmomenter

Newborn Shooting zu Lëtzebuerg, Foto 1Newborn Shooting zu Lëtzebuerg, Foto 2Newborn Shooting zu Lëtzebuerg, Foto 3Newborn Shooting zu Lëtzebuerg, Foto 4Newborn Shooting zu Lëtzebuerg, Foto 5Newborn Shooting zu Lëtzebuerg, Foto 6Newborn Shooting zu Lëtzebuerg, Foto 7Newborn Shooting zu Lëtzebuerg, Foto 8

Investitioun

Timeless Moments

Är Basic Session fir äre Newborn Shooting. Alles, wat dir braucht, fir eng entspaant Zäit an Erënnerungen, déi bleiwen.

  • Perséinlech Berodung a Begleedung, vum éischte Message bis zur fäerdeger Galerie
  • Shooting Guide mat Tipps fir Outfits, Virbereedung an Oflaf
  • Zougang zu menger Shooting-Garderob
  • Shooting ouni Zäitdrock
  • Preview Galerie: dir sicht iech är Liiblingsfotoën a Rou doheem eraus
  • 10 digital Fotoen, mat vill Léift bearbecht, als Download
  • Är perséinlech App (mobil Galerie)
  • Ersatztermin bei schlechtem Wieder oder wann eppes dertëschent kënnt

ab550 €

inkl. 17 % TVA

All d'Detailer schécken ech dir gären a menger Preislëscht.

Di Fotoen sin sou krass schein an de Video huet eis (allen zwee) sou krass beréiert. 🥹 Suguer mäi Mann haat Tréinen an den Aan (du jamais vu 😂)

— P.

FAQ

Gutt ze wëssen

A wann eise Bebe net schléift?

Dann ass dat esou. Wakereg Bebeeë si genee esou schéin, an déi oppen Aen ginn dacks déi schéinste Fotoen. Mir huelen eis einfach Zäit.

Dierf de Papa an d'Geschwësterkanner mat?

Jo, ganz gären. Bei all Newborn Shooting maachen ech och Familljefotoen. Wann d'Geschwësterkanner net sou laang Gedold hunn, fänke mir einfach mat hinnen un.

Wat solle mir matbréngen?

Wéckelsaachen, Mëllech, eventuell eng Suckel a Wiesselkleeder. Gär och eppes Perséinleches: den éischte Body, e Kuschelsdéier oder e Kaddo vun der Famill.

Wéi buchen ech?

Schreiw mir einfach eng Noriicht, iwwer Instagram, WhatsApp oder E-Mail. Mir schwätzen iwwer är Wënsch, a wann alles passt, ass ären Datum mat engem Accompte vun 100 € fir iech reservéiert. Den Accompte gëtt vum Gesamtpräis ofgezunn.

Wéini kréie mir eis Fotoen?

Är Preview Galerie kritt dir ongeféier 4 bis 6 Wochen nom Shooting. Do sicht dir iech a Rou är Liiblingsfotoën eraus. Soubal ech är Auswiel hunn, dauert et nach 2 bis 3 Deeg, bis dir är fäerdeg Erënnerungen als Download kritt.

Kontakt

Äre Newborn Shooting ufroen

Schreiw mir einfach, wéini äre Bebe erwaart gëtt, an ech schécken dir all d'Infos an déi komplett Preislëscht. 💌

Dës Zäit kënnt net méi zréck. Awer d'Erënnerungen drun, déi bléiwen.

Mandy