Cake Smash
Cake Smasheen Joer voller Léift
Den éischte Gebuertsdag. E Joer voller éischter Kéieren, a lo dierf einfach geschmiert, gelaacht a gefeiert ginn.
Verspillt a voller Freed
Sou leeft äre Cake Smash of
Mir fänke mat Familljefotoe un, da kënnt äert Kand eleng drun, an zum Schluss gëtt et de Kuch. Wat dann passéiert, entscheet äert Kand. Manner Kuch am Mond wéi op de Fanger ass ganz normal.
Näischt muss, alles däerf.
Foto & Film
Den éischte Gebuertsdag a Beweegung
Bei all menge Shootings entstinn och kleng Filmsequenzen. An ärer Preview Galerie waart dann äre perséinleche Familljefilm als Iwwerraschung op iech.
Esou héiert dir och an 20 Joer nach dat Laachen a gesitt, wéi äert Kand fir d'éischt an de Kuch gräift.
Gutt ze wëssen
Dir bréngt de Kuch mat, ech këmmere mech ëm d'Deko
Ballonen an d'„1“ bréngen ech mat. Fir de Kuch: am beschte mat mëller Crème an ouni haart Deko, déi een verschlécke kéint. Denkt gär un Allergien.
Bréngt och Wiesselkleeder mat. Et gëtt souwisou e bëssen Chaos, a genee dat gëtt dacks déi schéinste Fotoen.
Portfolio
E puer vu menge Liiblingsmomenter






Investitioun
Timeless Moments
Är Basic Session fir äre Cake Smash Shooting. Alles, wat dir braucht, fir eng entspaant Zäit an Erënnerungen, déi bleiwen.
- Perséinlech Berodung a Begleedung, vum éischte Message bis zur fäerdeger Galerie
- Shooting Guide mat Tipps fir Outfits, Virbereedung an Oflaf
- Zougang zu menger Shooting-Garderob
- Shooting ouni Zäitdrock
- Preview Galerie: dir sicht iech är Liiblingsfotoën a Rou doheem eraus
- 10 digital Fotoen, mat vill Léift bearbecht, als Download
- Är perséinlech App (mobil Galerie)
- Ersatztermin bei schlechtem Wieder oder wann eppes dertëschent kënnt
ab590 €
inkl. 17 % TVA
All d'Detailer schécken ech dir gären a menger Preislëscht.
Wow, du hues et fäerdeg bruecht, dass ech Tréinen an d'Aen kritt hun beim Kucke vun deenen eenzelne Momenter, déis du vun eiser klenger Family festgehaalen hues 🥹
— T.
FAQ
Gutt ze wëssen
Wéini ass déi bescht Zäit?
Ronderëm den éischte Gebuertsdag, e puer Wochen virdrun oder duerno.
Wat, wann eist Kand de Kuch net upéckt?
Dann ass dat esou. Mir loossen him Zäit, a mat e bësse Spill kënnt d'Virwëtz meeschtens vum selwen. An och e Kand, dat den Kuch skeptesch ukuckt, gëtt eng ganz séiss Foto.
Wéi buchen ech?
Schreiw mir einfach eng Noriicht, iwwer Instagram, WhatsApp oder E-Mail. Mir schwätzen iwwer är Wënsch, a wann alles passt, ass ären Datum mat engem Accompte vun 100 € fir iech reservéiert. Den Accompte gëtt vum Gesamtpräis ofgezunn.
Wéini kréie mir eis Fotoen?
Är Preview Galerie kritt dir ongeféier 4 bis 6 Wochen nom Shooting. Do sicht dir iech a Rou är Liiblingsfotoën eraus. Soubal ech är Auswiel hunn, dauert et nach 2 bis 3 Deeg, bis dir är fäerdeg Erënnerungen als Download kritt.
Kontakt
Äre Cake Smash ufroen
Schreiw mir, wéini äert Kand Gebuertsdag huet, an ech schécken dir all d'Infos an déi komplett Preislëscht. 💌
Dës Zäit kënnt net méi zréck. Awer d'Erënnerungen drun, déi bléiwen.
Mandy