Business & Brand Shootings

Business & Branddu, deng Aarbecht an dat, wat dech ausmécht

Fotoen a kuerz Videoclips fir däi Business. Natierlech, echt an authentesch, ouni steif Posen.

ab 590 €Foto & Filmam Business, outdoor oder am Studio
Laptop mat enger Fotogalerie an eng Kamera op engem helle Sessel, Business Shooting zu Lëtzebuerg

Kënnt dir dat bekannt vir?

Du weess, datt’s du nei Biller fir däi Business bräuchs. Mee iergendwéi kënnt ëmmer eppes dertëscht. An däi Profilbild ass nach ëmmer dat eent, dat iergendwann mam Handy gemaach gouf vieru Joeren.

Oder du hues schonn eng Kéier Fotoe maache gelooss. Technesch gutt, mee du erkenns dech net richteg dran erëm. Ze steif a net wierklech du.

Oder du schiebs et ëmmer erëm op, well de Kapp voller Froen ass: Wat undoen? Wéi stoen? Wouhi kucken?

Da bass du hei genau richteg.

Firwat nei Biller

Firwat professionell Biller haut esou wichteg sinn?

Siichtbarkeet a Positionéierung

De éischten Androck entsteet iwwer Biller. Wann däin Optrëtt stëmmeg ass, weess een direkt, wien’s du bass a fir wat’s du stees, op denger Websäit, op LinkedIn oder op Social Media.

Vertrauen a Professionalitéit

Gutt Biller weisen, datt een sech op dech verloosse kann. Grad bei engem Business, hannert deem eng Persoun stécht, entscheede se mat, wéi glafwierdeg een dech fënnt.

E konsequenten Optrëtt

Biller, déi zesummepassen, maachen däi Business erkennbar, iwwerall wou een dech gesäit: op der Websäit, op Social Media, an der Press oder op Flyeren.

Mandy Riehl, Fotografin vu Kreativkëscht Photography, laacht mat hirer Kamera an der Hand

Vertrauen fänkt beim éischte Bléck un

Mat Häerz, Rou a vill Léift zum Detail

Laang ier een dir schreift, huet een dech scho gesinn: op denger Websäit, op Instagram, bei Google. An a just e puer Sekonnen entscheet sech, ob een d'Gefill huet: Mat deem wëll ech zesumme schaffen.

E schéint Profilbild ass e gudden Ufank. Mee däi Business ass sou vill méi wéi just däi Gesiicht.

Ech maachen Biller, déi weisen, wien’s du bass, wat’s du méchs a wéi et sech ufillt, mat dir ze schaffen.

Fir wien

Du bass hei richteg, wann’s du ...

  • en eegene Business hues
  • däi Business endlech esou weise wëlls, wéi e wierklech ass
  • léiwer natierlech Biller hues wéi gestallte Posen
  • regelméisseg Biller fir Social Media an deng Websäit brauchs, mee net all Woch nei produzéiere wëlls
  • Wäert op e stëmmegen Optrëtt leeës, deen zu dir passt

Éischter net

Et passt éischter net, wann’s du ...

  • e Shooting mat vill Posen a perfekten Instruktioune sichs
  • Perfektioun viru Gefill stells
  • klassesch Studio-Portraite mat groem Hannergrond sichs

Inklusivleeschtungen

Méi wéi just Fotoen

E Service, dee wäit iwwer d'Fotograféieren erausgeet. Bei mir geet et net drëm, séier e puer schéi Fotoen ze maachen. Et geet drëm, datt’s du dech gesinn, verstanen a wuel fills, vun Ufank bis Schluss.

  • Perséinlech Berodung & Begleedung mat engem kuerze Virgespréich iwwer de Business, deng Wënsch a Virstellungen
  • Deng Fotosession individuell op däi Business ofgestëmmt, an enger entspaanter a roueger Atmosphär
  • Online Galerie: du sichs dir ganz entspaant doheem deng Favoritte eraus
  • Ersatztermin, falls eise Shooting wéinst dem Wieder oder aus soss engem Grond verréckelt muss ginn

Du muss näischt kënnen, näischt leeschten a näischt perfekt maachen. Just do sinn an du selwer sinn.

Deng Investitioun

Portrait

Business Session: a Biller, déi weisen, wien’s du bass, wat’s du mëss a wat däi Business besonnesch mécht.

  • E kuerzt Virgespréich iwwer de Business, deng Wënsch a Virstellungen
  • Perséinlech Berodung & Begleedung bis zu denger finaler Galerie
  • 45–60 Minutten Shooting op enger Plaz: am eegene Business, outdoor oder bei mir am Studio
  • Outfitwiessel méiglech
  • Perséinlech Preview-Galerie, wou’s du a Rou deng Favoritte kanns aussichen
  • 10 digital Fotoen, professionell bearbecht, a voller Opléisung an am Webformat
  • 2–3 kuerz Videoclips fir Social Media
  • Notzung fir däi Business: Websäit, Social Media, Printmaterial

ab590 €

inkl. 17 % TVA

Du brauchs méi Zäit oder méi Content? Et gëtt nach zwee aner Packagen: d'Brand Story an de Content Day. Schreiw mir einfach, an ech schécken dir all d'Detailer a menger Preislëscht.

Pricing Guide

Sou leeft d'Buchung of

  1. Kenneléieren

    Du schécks mir eng Noriicht. Zesumme beschwätze mir alles: Fir wat brauchs du d'Biller? Wat soll ee gesinn? Wéi eng Outfits passen zu dir?

  2. Buchung & Accompte

    Mat engem fixen Accompte vun 100 € ass däi Rendez-Vous reservéiert. De Rescht ass den Dag vum Shooting fälleg.

  3. Däi Shooting

    Ech ginn dir kleng Impulser, du muss näischt kënnen. Mir huelen eis Zäit, ouni Zäitdrock.

  4. Deng Galerie

    Ronn 2–3 Wochen nom Shooting kriss du deng Preview-Galerie a siche ganz a Rou deng Liiblingsfotoën eraus.

FAQ

Gutt ze wëssen

Ech sinn onsécher virun der Kamera. Ass dat e Problem?

Nee, guer net. Bal jidderee fillt sech am Ufank e bësse komesch. Ech ginn dir kleng Impulser, mir schwätzen, mir laachen, an no e puer Minutten denks du net méi un d'Kamera.

Ech sinn net fotogen.

Dat héieren ech oft, a meeschtens stëmmt et net. Gutt Biller entstinn, wann’s du dech wuel fills. Et muss näischt perfekt sinn.

Ech wëll keng steif Biller.

Ech och net. Ech fotograféieren dech beim Schaffen, beim Erklären, beim Laachen. Natierlech, echt an authentesch.

Ech weess net, wéi eng Biller ech brauch.

Mir kucken dat alles zesummen. Ech hëllefen dir dobäi.

Wat sinn d'Videoclips? Muss ech do schwätzen?

Nee. Et sinn kuerz Sequenzen vu just e puer Sekonnen: deng Hänn bei der Aarbecht, e Laachen, deng Plaz. Perfekt fir Stories, Reels oder deng Websäit.

Wou dierf ech d'Biller notzen?

Iwwerall, wou’s du däi Business weis: Websäit, Social Media, LinkedIn, Flyeren, Presse, etc.

Wou fënnt de Shooting statt?

Bei dir am Business, outdoor oder a mengem Homestudio zu Elvange. Bei der Brand Story an dem Content Day kënne mir och d'Location während dem Shooting wiesselen.

Bis 50 km ass d'Unrees abegraff, doriwwer kommen 0,50 € pro km dobäi.

Wéini ass de richtege Moment?

Wann deng Biller net méi zu dir passen: en neien Ufank, eng nei Offer, eng nei Plaz, oder einfach, well’s du dech weiderentwéckelt hues.

Kontakt

Däi Business Shooting ufroen

Schreiw mir, wat’s du brauchs, a mir kucken zesummen, wéi e Package zu dir passt. Däi Business verdéngt et, gesinn ze ginn. An du och. 💌

Mandy