Family Shooting

Familysou wéi dir sidd

Kanner wuessen esou séier. Dat Laachen, déi kleng Hänn, déi Gesiichter vun haut verännere sech méi séier, wéi ee mengt.

ab 500 €40–60 MinuttenStudio, dobaussen oder doheem
Mama a Papa mat hiren zwee Kanner um Aarm, si laachen zesummen am Homestudio, Family Shooting zu Lëtzebuerg

Keng perfekt Posen

Kanner dierfe Kanner sinn

Bei menge Shootinge geet et mir net ëm perfekt Posen oder Kanner, déi brav an d'Kamera laachen. Mir spillen, kuschelen, lafen, laachen. An dertëschent entstinn déi Fotoen, déi iech an 10, 20 oder 30 Joer nach beréieren.

Natierlech, echt an authentesch.

Foto & Film

Äert Familljegléck a Beweegung

Bei all menge Shootings entstinn och kleng Filmsequenzen. An ärer Preview Galerie waart dann äre perséinleche Familljefilm als Iwwerraschung op iech.

E Film, deen net nëmme weist, wéi dir ausgesinn hutt, mee och, wéi dir matenee wart.

Famill laacht a kuschelt zesummen am Homestudio, Family Shooting zu Lëtzebuerg

Wou

Am Studio, dobaussen oder bei iech doheem

Am Homestudio zu Elvange, an der Natur oder bei iech doheem, do wou är Kanner sech am wuelsten fillen. Fir eng Homestory kommen 50 € plus 0,50 € pro km Unrees dobäi.

Fir d'Outfits kritt dir e Shooting Guide, an dir kënnt gär meng Shooting-Garderob notzen.

Portfolio

E puer vu menge Liiblingsmomenter

Family Shooting zu Lëtzebuerg, Foto 1Family Shooting zu Lëtzebuerg, Foto 2Family Shooting zu Lëtzebuerg, Foto 3Family Shooting zu Lëtzebuerg, Foto 4Family Shooting zu Lëtzebuerg, Foto 5Family Shooting zu Lëtzebuerg, Foto 6

Investitioun

Timeless Moments

Är Basic Session fir äre Family Shooting. Alles, wat dir braucht, fir eng entspaant Zäit an Erënnerungen, déi bleiwen.

  • Perséinlech Berodung a Begleedung, vum éischte Message bis zur fäerdeger Galerie
  • Shooting Guide mat Tipps fir Outfits, Virbereedung an Oflaf
  • Zougang zu menger Shooting-Garderob
  • Shooting ouni Zäitdrock
  • Preview Galerie: dir sicht iech är Liiblingsfotoën a Rou doheem eraus
  • 10 digital Fotoen, mat vill Léift bearbecht, als Download
  • Är perséinlech App (mobil Galerie)
  • Ersatztermin bei schlechtem Wieder oder wann eppes dertëschent kënnt

ab500 €

inkl. 17 % TVA

All d'Detailer schécken ech dir gären a menger Preislëscht.

Merci fir déi mega Atmosphär! Et war e Genoss a mir freeën eis schon op déi next Fotoen!

— J.

FAQ

Gutt ze wëssen

Wat, wann eist Kand net matmécht?

Da mécht et net mat. Dat ass vollkomme normal an absolut keen Problem. Ech hu Gedold, mir maache Pausen a spillen. Déi schéinste Momenter entstinn dacks genee dann.

Wéi laang dauert de Shooting?

Ongeféier 40 bis 60 Minutten, ouni Zäitdrock.

Wéi buchen ech?

Schreiw mir einfach eng Noriicht, iwwer Instagram, WhatsApp oder E-Mail. Mir schwätzen iwwer är Wënsch, a wann alles passt, ass ären Datum mat engem Accompte vun 100 € fir iech reservéiert. Den Accompte gëtt vum Gesamtpräis ofgezunn.

Wéini kréie mir eis Fotoen?

Är Preview Galerie kritt dir ongeféier 4 bis 6 Wochen nom Shooting. Do sicht dir iech a Rou är Liiblingsfotoën eraus. Soubal ech är Auswiel hunn, dauert et nach 2 bis 3 Deeg, bis dir är fäerdeg Erënnerungen als Download kritt.

Kontakt

Äre Family Shooting ufroen

Egal ob iwwer Instagram, WhatsApp oder E-Mail: Schreiw mir einfach, wat iech virschwieft, a wéini äre Bebe erwaart gëtt oder wéini dir gär e Shooting hätt. Ech schécken dir gären all d'Infos an déi komplett Preislëscht. 💌

Dës Zäit kënnt net méi zréck. Awer d'Erënnerungen drun, déi bléiwen.

Mandy