Fresh48h
Fresh48hdéi alleréischt Stonnen
Dat éischt Kennenléieren. Déi éischt Kéier am Aarm. Momenter, déi een nie méi vergiess wëll.
An den éischten 48 Stonnen
Ganz no, ganz roueg
Beim Fresh48h Shooting kommen ech bei iech an d'Maternité (CHL, Bohler, CHEM) oder heem, an den éischten Deeg no der Gebuert. Dir musst näischt virbereeden an néierens hin.
Ech sinn diskret, roueg a just do, fir déi Momenter festzehalen, déi esou séier verginn: déi éischt Blécker, déi kleng Fanger, wéi d'Geschwësterkanner de Bebe fir d'éischt gesinn.
Keng Posen, keen Drock. Just dir an äre Bebe.
Foto & Film
Déi éischt Stonnen och a Beweegung
Grad beim Fresh48h ass de Film eppes ganz Besonnesches: déi éischt Téin, déi kleng Beweegungen, wéi dir äre Bebe fir d'éischt am Aarm hutt.
Bei all menge Shootings entstinn och kleng Filmsequenzen. An ärer Preview Galerie waart dann äre perséinleche Familljefilm als Iwwerraschung op iech.
Maternity + Newborn
Wann dir äre Maternity an äre Newborn Shooting zesumme bucht, kritt dir 10 % op béid Basic Sessions. Fir 500 € + 550 € bezuelt dir dann 945 €. Dat selwecht gëllt fir Maternity + Fresh48h.
A Bonus: Dir musst iech no der Gebuert ëm näischt méi këmmeren. Är Platz ass scho reservéiert.
Kombi ufroenPortfolio
E puer vu menge Liiblingsmomenter







Investitioun
Timeless Moments
Är Basic Session fir äre Fresh48h Shooting. Alles, wat dir braucht, fir eng entspaant Zäit an Erënnerungen, déi bleiwen.
- Perséinlech Berodung a Begleedung, vum éischte Message bis zur fäerdeger Galerie
- Shooting Guide mat Tipps fir Outfits, Virbereedung an Oflaf
- Shooting ouni Zäitdrock
- Preview Galerie: dir sicht iech är Liiblingsfotoën a Rou doheem eraus
- 10 digital Fotoen, mat vill Léift bearbecht, als Download
- Är perséinlech App (mobil Galerie)
- Ersatztermin bei schlechtem Wieder oder wann eppes dertëschent kënnt
ab590 €
inkl. 17 % TVA
All d'Detailer schécken ech dir gären a menger Preislëscht.
D'Unrees ass beim Fresh48h am Präis abegraff.
Di Fotoen sin sou krass schein an de Video huet eis (allen zwee) sou krass beréiert. 🥹 Suguer mäi Mann haat Tréinen an den Aan (du jamais vu 😂)
— P.
FAQ
Gutt ze wëssen
Wéi plangen mir de Shooting, wann de Gebuertsdag nach net feststeet?
Dir mellt iech am beschten scho während der Schwangerschaft. Mir halen de Zäitraum ronderëm äre Gebuertstermin fest, a wann äre Bebe do ass, schreift dir mir einfach.
A wéi eng Maternité kënns du?
Ech komme gären an d'CHL, d'Bohler an d'CHEM, oder bei iech heem.
Wat wann et mir nach net gutt geet?
Dann huele mir eis ganz vill Zäit oder mir verleeën. Et ass natierlech méiglech, no der Gebuert de Fresh48h Shooting an en Newborn Shooting ëmzewandelen. Dir an äre Bebe gitt vir.
Wéini kréie mir eis Fotoen?
Är Preview Galerie kritt dir ongeféier 4 bis 6 Wochen nom Shooting. Do sicht dir iech a Rou är Liiblingsfotoën eraus. Soubal ech är Auswiel hunn, dauert et nach 2 bis 3 Deeg, bis dir är fäerdeg Erënnerungen als Download kritt.
Kontakt
Äre Fresh48h Shooting ufroen
Schreiw mir, wéini äre Bebe erwaart gëtt, an ech schécken dir all d'Infos an déi komplett Preislëscht. 💌
Dës Zäit kënnt net méi zréck. Awer d'Erënnerungen drun, déi bléiwen.
Mandy