Maternity Shooting

Maternitydu an däi Bauch

Déi lescht Wochen mat Bauch. Eng Zäit voller Virfreed, déi méi séier vergeet, wéi ee mengt.

ab 500 €32.–35. SSWStudio, dobaussen oder doheem
Schwanger Mama am wäisse Kleed hält hire Bauch, Maternity Shooting am Homestudio zu Elvange

Du bass hei richteg

Just du an däi Bauch

Bei mengem Maternity Shooting ginn ech dir kleng Impulser amplaz komplizéiert Posen. Mir laachen, schwätzen, huelen eis Zäit. An dobäi entstinn Fotoen, déi sech no dir ufillen.

Näischt muss, alles däerf.

Papa, Mama an hirt Kand halen d'Hänn um Bauch, Maternity Shooting zu Lëtzebuerg

Zesummen

Partner a Kanner sinn wëllkomm

Däi Partner, deng Kanner: wien dir wichteg ass, däerf mat op d'Bild. Ganz ouni Drock.

A wann däi Partner mengt, Fotoe wieren net säint: keng Suerg. Hie muss näischt kënnen. Nom Shooting seet hien, dass et guer net emol sou schlëmm war. A wann hien guer net wëll, da komm eleng! Hal dës Zäit fest!

Schwanger Mama an engem mëllen Strécktop aus der Shooting-Garderob hält hire Bauch

Shooting-Garderob

Du solls dech net verkleed fillen, mee wéi du selwer

A menger Shooting-Garderob fanns du Kleeder, déi extra fir de Bauch gemaach sinn: fléissend Stoffer, hell, zäitlos Faarwen. Du kanns och gär d'Outfit wiesselen.

Esou muss du dir keng Suergen maachen, wat s du undees.

Am Mëttelpunkt vum Bild stees DU, net däin Outfit.

Wéini

Déi ideal Zäit

32. bis 35. Woch. Da gesäit een däi Bauch schéin, an du fills dech nach wuel fir e Shooting. Bucht am beschten e puer Wochen am Viraus, esou fanne mir e Rendez-Vous, dee gutt fir iech passt.

10%Kombi

Maternity + Newborn

Wann dir äre Maternity an äre Newborn Shooting zesumme bucht, kritt dir 10 % op béid Basic Sessions. Fir 500 € + 550 € bezuelt dir dann 945 €. Dat selwecht gëllt fir Maternity + Fresh48h.

A Bonus: Dir musst iech no der Gebuert ëm näischt méi këmmeren. Är Platz ass scho reservéiert.

Kombi ufroen

Portfolio

E puer vu menge Liiblingsmomenter

Maternity Shooting zu Lëtzebuerg, Foto 1Maternity Shooting zu Lëtzebuerg, Foto 2Maternity Shooting zu Lëtzebuerg, Foto 3Maternity Shooting zu Lëtzebuerg, Foto 4Maternity Shooting zu Lëtzebuerg, Foto 5Maternity Shooting zu Lëtzebuerg, Foto 6Maternity Shooting zu Lëtzebuerg, Foto 7Maternity Shooting zu Lëtzebuerg, Foto 8

Investitioun

Timeless Moments

Är Basic Session fir äre Maternity Shooting. Alles, wat dir braucht, fir eng entspaant Zäit an Erënnerungen, déi bleiwen.

  • Perséinlech Berodung a Begleedung, vum éischte Message bis zur fäerdeger Galerie
  • Shooting Guide mat Tipps fir Outfits, Virbereedung an Oflaf
  • Zougang zu menger Shooting-Garderob
  • Shooting ouni Zäitdrock
  • Preview Galerie: dir sicht iech är Liiblingsfotoën a Rou doheem eraus
  • 10 digital Fotoen, mat vill Léift bearbecht, als Download
  • Är perséinlech App (mobil Galerie)
  • Ersatztermin bei schlechtem Wieder oder wann eppes dertëschent kënnt

ab500 €

inkl. 17 % TVA

All d'Detailer schécken ech dir gären a menger Preislëscht.

Wow, du hues et fäerdeg bruecht, dass ech Tréinen an d'Aen kritt hun beim Kucke vun deenen eenzelne Momenter, déis du vun eiser klenger Family festgehaalen hues 🥹

— T.

FAQ

Gutt ze wëssen

Mäi Partner huet keng Loscht. Wat elo?

Dat ass ganz normal. Ech maachen keng steif Posen, et ass éischter Zäit zu zweet. Vill Pappe soen duerno, dass et vill méi entspaant war, wéi se geduecht hätten.

A wann hien trotzdeem net wëll: Du kanns och ganz gären eleng kommen. Et ass däi Moment.

Wat soll ech undoen?

Du kanns gär meng Shooting-Garderob notzen. Wann's du eppes vun dir undees: hell, neutral Faarwen a fléissend Stoffer. Kee Neon, keng grouss Musteren oder Logoen.

Wou fënnt de Shooting statt?

Am Homestudio zu Elvange, dobaussen oder bei iech doheem. Fir eng Homestory kommen 50 € plus 0,50 € pro km Unrees dobäi.

Wéi buchen ech?

Schreiw mir einfach eng Noriicht, iwwer Instagram, WhatsApp oder E-Mail. Mir schwätzen iwwer är Wënsch, a wann alles passt, ass ären Datum mat engem Accompte vun 100 € fir iech reservéiert. Den Accompte gëtt vum Gesamtpräis ofgezunn.

Wéini kréie mir eis Fotoen?

Är Preview Galerie kritt dir ongeféier 4 bis 6 Wochen nom Shooting. Do sicht dir iech a Rou är Liiblingsfotoën eraus. Soubal ech är Auswiel hunn, dauert et nach 2 bis 3 Deeg, bis dir är fäerdeg Erënnerungen als Download kritt.

Kontakt

Äre Maternity Shooting ufroen

Schreiw mir, a wéi enger Woch s du grad bass, an ech schécken dir all d'Infos an déi komplett Preislëscht. Och fir d'Kombi mam Newborn. 💌

Dës Zäit kënnt net méi zréck. Awer d'Erënnerungen drun, déi bléiwen.

Mandy